Dënschden 26.01

Haut war endlech de ganzen Dag d’Sonn um Rendez-vous, an et war wéi déi lescht Deeg zimlech warm.

Gudd fir Ski ze fueren, mee leider war op der Schlittepist emmer nach net genug Schnéi, an d’Pist as emmer nach zou! Dofir konnt de Grupp 2 des flott Aktivitéit leider nët machen. Amplaz sin des Schüler dun en halwen Dag méi Ski gefuer.

Ausserdem huet de Grupp 2 haut wéi geplangt e Rallye am Duerfzentrum vun Hinterglemm gemach.

De Grupp 1 war haut de ganzen Dag Ski fueren.

 

Hei e puer Impressiounen vum Dag:

image

D’halschend vun eisem Schülergrupp – de ganze Grupp 2

 

image

D’Gruppen 2a, 2b an 2c virun hiirem Rallye haut de moien

 

image

De Grupp 1b

 

image

D’Ufängergruppen 2d an 2e, haut fir d’éischt um Tellerlift..

image

De Grupp 2c

 

image

De Grupp 2a

 

Beim Rallye hun d’Schüler missten a Gruppen vu 4 am Duerf d’äntwerten op eng rei Froen ze fannen. Ausserdem haten sie e puer Aufgaben ze erfellen, z.B fir mat Naturproduiten „LJBM“ an de Schnéi ze schreiwen

imageimage

Oder eng Menschepyramid machen an dovun e Selfie machen

image

 

Oder e Lidd/Gedicht schreiwen a filmen

image

 

An eis Owesaktivitéit vun haut : „Casino-owend

image image image

 

 

 

Advertisements