Denschden 31.01.17

Haut ware mir de ganzen Dag ennerwee, ouni an den Hotel zréck ze kommen.

Dofir hu mer eis de moien beim Kaffi alleguer och Picknick gemach fir de metten.


D’Wieder huet haut manner matgespillt. Et huet geschneit, an och gereent…


D’1er Skigruppen sin haut de ganzen Dag Ski gefuer (Photoen kommen nach no).

D’2er Gruppen waren en halwen Dag op d’Rodelbahn mam Schlitt fueren, an en halwen Dag hun se e Rallye am Duerf vun Hinterglemm gemach. Mir waren nom Schlitt-fueren all zoppnaass – mee mir hun eis awer mega gudd amuséiert.



Den Owend hu mir eis bei eiser Soirée „Casino“ gudd amuséiert

Advertisements