Mëttwoch 01.02.17

Haut war et den emgedréinte Programm wéi geschter.

D’Skigruppen 1 sin de ganzen Dag Ski gefuer, an d’Skigruppen 2 hun e Rallye am Duerf gemach a waren op d’Rodelbahn Schlitt fueren.

D’Wieder vun haut: et huet net méi geschneit oder gereent. Am Dall war de gazen Dag Niwwel, mee dofir war et fir d’Skigruppen déi op de Bierg rop waren emsou méi flott.
Hei e puer Photoen vum Dag:


Photoen vun den 1er-Gruppen beim Rodelen:


Picknick op der Alm:


An och nach e puer Fotoen vum Ski vun den 2er-Gruppen.


Video bei der leschter Ooffahrt zréck an den Dall, an zréck an de Niwwel, vum Grupp 2A:

An den Owend nom Owesiessen: entweder Kino am Kinosall vum Hotel, oder Nightski op der beliichter Pist déi lanscht eisen Hotel geet (fir d’1er Gruppen, déi haut am Dag kee Ski gefuer sin).

Advertisements