Sonnden 29.01.17

Owens um Programm: „La Woum“, eng Soirée wou eis Klassen a verschiddene flotte Spiller géinteneen untrieden…

Gewonn huet… 8STP1/3


18:30

Mir kennen eis beim Owesiessen stärken.


16:30 – 18:30

Fräizäit

13:30 – 16:30

Am Nometten war et un de Gruppen 2a – 2e fir – zum Deel fir d’alleréischt – op de Ski ze stoen. Währenddeems hun d’Gruppen 1a – 2a en Atelier gehat iwwer Pistesecherheet, an dono hun sie zu desem Thema kuerz Videoclips gefilmt.



9:00-12:00

Mir hun 10 Skigruppen: 1a, 1b, …, 1e an 2a, 2b, …, 2e.

D’Gruppen 1a – 1e waren Ski fueren, an d’Gruppen 2a – 2e haten e Cours iwwer Pistesecherheet. Donieft hun alleguer d’Ufänger och nach gewise kritt wéi een sech fir d’Skifueren un deet, an hu geübt fir hiir Ski a Skischong unzedoen.


7:30

Um Kaffisbuffet get sech gestärkt fir den Dag.


7:00

Keng Wollek um Himmel – mir freen eis op e flotten éischte Skidaag.

Advertisements